jeudi 16 juillet 2009

Luxembourg is still alive (at least mei ewei Veneedeg)...

Nach emmer am cader vun der Verbiddkultur, vun der perseinlescher Freiheet an och vun der liberté d'expressioun lafen am moment 2 onofhengesch kulturell Ereignisser an der Stat Lëtzebuerg dei enn Detour Wert waeren ( ewei den Touristinfo geing soen)

- Engerseits ass am moment am Geschichtsmusée vun der Stat Lëtzebuerg, am Kader vun der temporairer Austellung "Mord und Totschlag", en ganz interessante Sall mat Zitater vun bekannte Leit iwwert Euthanasie, Ofdreiwung an Selbstmord. Och wann e puer Zitater zevill aus dem Kontext esrausgeholl sin dei afficheiert Zitater aus dem Sall eng ganz gudd Ennerlag fir weider Diskussiounen an Iwwerleeungen zu Thema. Den Lien mat der Austellung ass och interessant: ass Euthanasie Mord? Main Pefferkeer: Sidd iech bewosst dat bal 40 % vun de Lëtzebuerger dei CHRESCHTLESCH-sozial Vollekspartei gewielt hun.

-Op der anerer Seit hu mer op der Place d'Armes eng kleng merkwurdëg Kabine vum belgen Artist Jacques Charlier. Dem Jacques Charlier sai projet "100 sexes d'artistes" gouf dëst joer op der Biennale vun Veneedeg zenseiert an nët ausgestalt. Et waer anscheinend ze provocant, schockant, nët deezent.
http://www.lalibre.be/culture/arts-visuels/article/499467/venise-censure-jacques-charlier.html
Zum Gléck huet den Artist zesummen mat aneren Stiet an Muséen sech dat nët gefale geloos an huet dann eben seng 100 genitalien vun artisten eben zwouch anescht gestalt. Gidd iech selewer iwwerzeegen, dësen witzegen point de vue op dei zeitgenössëg Konscht ass alles anescht als obzön. An och wann ët sou waer: wei kann eng vun deene wichtëgsten Konschtbienalen op der Welt( dei d'Beispill sollt gin an eng avant-garde a punkto expressiouns- a meenungs- freiheet ouni jeeglesch Taboo'en sollt sin) mat nordkoreanesche Mëttele schaffen?....what the fuck?
Dir kënnt iech dei Sach och um Internet ukcken an mol checken weivill "sexes d'artistes" dir remmerkennt.
http://www.jacquescharlier-venise2009.be/
Puer loblësch Initiativen vun der Stat an hiere Musé'en.
Et vergësst een jo bal d'Kamera'en....

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire