lundi 27 juillet 2009

islamophobie, emancipation an perséinlësch freiheet....

an der belge ass lo am breisseler parlament, bei den sozial chrëschten ( CDH), eng Fra mat Schleier gewielt gin.
http://www.lesoir.be/forum/cartes_blanches/2009-07-06/voile-progressistes-716323.shtml
desën artikel vum soir spiggëlt verschidden Aengst dei aus lenkse millieu'en kommen, awer zemols aus liberalen, am rapport mat dësëm fait an generell gesin iwwert den Schleier. Oft kënnt aus dësë millieu'en d'propose de Schleier kurz un bündig ze verbidden ( op öfentlesche plazen). Eng Folge vun daer propose waer dann dat eng Fra mat Schleier naischt am parlament verluer huet. Wei soll een dozou stoen? Gudd Fro....Dozou meng iwwerleeungen:
-Wouhir hu mir dat Recht léit ze verbidden wei se hir Relioun sollen auliewen, soulang se sech doduerch nach an der Accueilsgesellschaft integreien koennen ( e Schleier ass just eng Kopfbedeckung)?
-si mir manner religeis oder fundamentalistesch? nët onbedéngt...Lëtzebuerg z.b. huet mat 40% deo CHRëSCHTLESCH-sozial-vollekspartei gewielt...weem hu mir so Lektiounen ze verdeelen?
-een vun de Probleemer vum Verbot vum Schleier ass dat se all d'Fra'en an een Dëppe geheit...dei dei ët freiwëllëg man ( ech versti nët firwat an wei, mee ët ass nët u mir fir a plaz vun hinnen ze décidéeieren), an dei bei deenen doheem Drock ausgeübt gëtt.
-Fördert e Verbot d'Integrazioun? menger Menung no op kee Fall, e fördert weidder Stigmatiseierung, dei Fra'en gin dann Doheem genervt an an der Schoul, Schaff...Assimilation à tout prix fonctionnéeirt nët. menger Meenung no misst ee mol d'Integrazioun befirdeelegen, an nët ethnocentistësch iwwert anere uerdeelen. natierlesch ass d'Plaz vun der Fra an der islamescher Welt eng ganz epinéeis Fro'en...mee generaliseieren waer falsch. Ech mengen dat der Fra hir posizioun sech an eise Laenner duech intégrazioun geing mat der Zeit besseren...zemols bei Fra'en wou den Drock vun Doheem mei gereng ass.
-déi Fra dei zu Breissel gewielt gin ass, ass demokratesch mat Schleier gewielt gin...dat ass eben esou...ech sin och nët d'accord mat der Csfaul...mee bon wann se gewielt gin ass dann muss een dat akzepteieren...soss ass een selwer den antidemokrat...

Et ass op jiddferfall eng schweier Fro. Et gett "Islam" an "Islam", an dat soll een sech bewosst sin, et gëtt och frei Wëllen vun der Fra, deen dann awa kulturell immens beaflosst ass...daerfe mir en dann uerdeelen?

Wei gesot, ech mengen Intergratioun an Zeit sin d'Zauberwierder...dat geing den kulturellen Drock vu beide Seiten mol apeseieren...

hei eng Seit dei vurun 4 meint an den belger Zeitung "le soir" geprint gin ass mat ganz interessanten Debatter...mai favourit ass den interview an Här Hasquin.
http://archives.lesoir.be/les-%AB-accommodements-%BB-divisent-les-partis-politiques_t-20090520-00N56E.html?action=nav&nav=1&pos=3&all=2751&query=hasquin&queryor=hasquin&firstHit=0&by=10&when=-1&sort=datedesc&all=2751

1 commentaire:

  1. Déi Diskussioun ëm den "Schleier" ass esou al ewéi et Immigratioun mat islamesch-reliéisem Hannergrond an déi westlech modern Gesellschaften gëtt. Et kann een et engersäits als Alibi-Diskussioun iwwert theoretesch Identitéitsängst géigeniwwer der Imigratioun iwerhaapt an net nemmen vun Mënschen mat muslimesch-kulturellem Hannergrond gesinn, anerersäits awer och als konkreten prakteschen Integratiounsproblem am Alldag. Alleng schon vun dësem Standpunkt aus gesinn, ass et ëmsou erstaunlech, dass 1. eng FRA mat islamesch-reliéisem Kuluturhannergrond iwwerhaapt ob enger Sozial-chrëschtlecher Lescht konnt stoen (wou een ouni Problem kéint en Widdersproch hierstellen) an 2. dann och nach gewielt gouf.
    Fir ob deng Fro vum Verbuet vum Schleier zeréckzekommen, stinn ech genau esou deitlech enger "Verbiddkultur" entgéint, wei's du et enert anerem an dengen aneren Artikelen beschriwwen hues. Effektiv hun mir och net emol d'Recht den Schleier opgrond vun reliéiser Motivatioun ze verbidden, well ech mengen, dass dat géint en Artikel vun eisem Grondgesetz géif goen, wou eppes vun Gewëssensfräiheet an Glawensfräiheet steet.(dat gëllt fir déi ganz EU)
    Eng aner Saach ass et, wann dat Ganzt begrënnt gëtt mat engem Grondsätzlechen Verbuet vun all Zorten vun Kappbedeckung an ëffentlechen Institutiounen. Dat dierft rechtlech gesinn menger Meenung klappen, mee ech kann mech och gutt ieren(Expressounsfräiheet?) an keint dat och net novollzéien - wou mer erëm bei der Verbiddkulur wieren.
    Ech mengen awer net, dass de Fait, dass 40% vu den Letzebouer CSV wielt dorops hinndeit, dass eis Gesellschaft fundamental-reliéis ass. Engersäits huet den "C" wierklech nëmmen fir eng relativ Minoritéit vun deenen 40% eng Bedeitung an spillt am allgemengen och an der Politik mat natierlech gewëssen Ausnahmen dach net esou eng bedeitend Roll. Anerersäits weist jo och grad déi belsch chrëschtlech-sozial Partei, dass se eng Politikerin mat an d'Boot hëlt, déi dem Critère vum C net entsprécht. Dass 40% CSfaul wielen huet mengen ech méi domadder ze dinn, dass den Gros vun der Gesellschaft einfach strukturell-konservativ ass - eben den séchere Wee.
    Op allenfall erlaabt dat an kenger Hisiicht Lektiounen ze verdeelen - esouwisou war dat nach nie eng gutt Idee. Moralesch Virstellungen par force ze implizéieren huet nach ëmmer heftegen Widderstand provozéiert.

    Ech gesinn et deemno weis du, dat en Verbuet vum Schleier net fir Integratioun suergt mee fir eng Verhärtung vun den Konfliktfronten. Wei esou oft schengt eng Leisung vun der Imigratiouns-Integratiouns-Identeitsproblematik nëmmen duerch eng Politik vum Gläichgewiicht, vun den Kompromësser hierstellbar. Dass mer um rischtegen Wee sinn, weist an gewesser Hisiicht d'Resultat an der Belsch.

    Pol

    P.S Ech hätt besser u mengem Essay ze schreiwen...:-)

    RépondreSupprimer