samedi 11 juillet 2009

Le reti, i cancelli, le zone rosse: ass dat d'aenwert?

Ech sin an der lescht op ganz fragwürdëgë Artikel op www.rtl.lu gefall. Certes war dat nëmmën eng Iwwerleeung vun engem Här am kader vun enger karte Blanche. An awer war ech relativ schockéiert vum Monsieur senge Gedanken; mei Jugendschutz a punkto Alkohol, Erotik, an Internet. hei ass den Artikel: http://news.rtl.lu/commentaire/carteblanche/29591.html .
dozou meng grouss fro: Huet verbidden jee eppes verhënnert oder verbessert?
beispiller kenne ma genuch :
-kiffen ass verbueden, mëscht awa jiddfereen, an zwar egalwei an egalwat (qualitativ ewei quantitativ.
-eng illegal (nët juristësch fixeiert) euthanasie huet eng palliativ anarchie matsech bruescht, dei vun mord bis aller mënschlester empathie gangen ass.
-ass den Binge-drinking phénomène net och ennert anerem weint dem alkoholjugendschutzgesetz an Amerika opgetaucht.
Et ass natierlesch vill mei einfa ze verbidden ewei ze verstoen. virwat drenken verschidden jugendlescher sou vill: proféssionell ausichtslosegkeet? Mangel un kulturellen Ereignisser? Probleemer an der famill, an der schoul? dat sin d'Froen dei mei wichtëg sin ewei d'Froen iwwert eng eventuel Prohibizioun...a mengen Aan mol
nach mei gefeierlesch sin sou Gedanken ennert deen folgenden Liischtpunkt: weiee Recht huet de Staat ( eng somme toute, eng menschlesch Conventioun), no forcément arbitrairen critèren, de leit ze soen wat rischteg ass a wat net a punkto Erotik, Alkohol an Internet, soulang keen dobei verletzt gett? Soll de Staat eng moralesch Roll spillen? Perseinlesch kreien ech wann et sou ausgedreckt ass kaal Schudderen an de Réck an denken un den Iran. Mee mache mer eis naischt fir vill Argumenter vun de Leit dei mir gewielt hun (net nemmen an der letzebuergescher seefeblos, mee och an Italien( Il cavaliere), Spuenien (Mariano Rajoy) etc.) geint Euthanasie, Ofdreiwung, homosexuellt Bestiedniss gin an der Richtung vun Staatsmoral ( an dëse Faell op religeiser moral). Also ech waer op jiddferfall net zefridden wann den rtl.lu Monsieur mir aus moralesche Grënn geing den Internet verbidden, "MIR" sin deene neie Medien jo net gewuess.
Ech well nët mamm Débatt iwwert d'hyprokisie vun dëse Virschléi ufänken, de Fall Berlusconi ass läscherlesch, an am Fall vum Rtl.lu Artikel misst een rechercheieren.
En secherlësch intéressanten Denker iwwert dest Probleematik ass den Franseische Ruwen Ogien, deen sech an engem interview vun der deswocheger Ausgab vun den "les Inrockuptibles" mamm Thema vun der "police morale" an sengen conceptuellen incohérenzen befasst. ech bleiwen op der sich nom interview an posten de link soubal ech en online fannen.

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire