samedi 11 juillet 2009

Ech schwetzen lëtzeuergesch just nach an de Geschäfter

Lëtzebuergesch stierwt aus! Mir mussen eis Kultur um Liëwen halen! Dofir mussen d’Auslänner an d’Frontalier’en all lëtzebuergesch leieren an de Problem ass geleist!

Dess eeseitëg Visoiun , dei sech um Internet, ennërt de Leit an an der Politik (c.f. Naturalisazioun) breet mëcht ass nët nëmmen op enger eeklëger Maneier xenophoësch ugehaucht mee gréift de Problem och ,wei sou oft an eisëm Ländschen, net un der Wuerzel, an ass en plus , a mengen Aan , vill mei geféierlësch fir eis Sproch ewei e Frontalier dee nëmmën Franséisch schwetzt.

Et huet einfach an eiser kultureller Landschaft net genuch Wert Letzebuergesch ze leieren, an ech soen dat am Interet vun der Erhalung vun der eiser Sproch: Letzebuergesch daerf sech net doropper beschgränken en Dialekt ze sin op deem een seng Mëtsch beim Becker bestellt. Well dëst get dem Auslänner keen Interet fir letzbuergesch ze leieren an virun allem reduzeiert et dei letzebuergesch Sproch op eng vulgaer Riedensart an nët dem kulturellem Identiteitsfakteur deen mer dra geseit. Ech well domadder soen dat de Problem eischter vu bannen kennt ewei vu baussen. Et gett keen Effort gemeet dee grouss genuch ass fir Letzeuergesch attraktiv a wertvoll ze machen, an desen Effort kann nëmmën vun de Letzebuerger kommen. Ech well net domadder soen dat et keng Kultur op letzeuergesch gett (et gin wonnerbar letzebuergesch Auteuren an Artisten , Leit ewei en Guy Rewenig oder en Serge Tonnar waeren dei lescht dei Leit geingen eng Sproch opdrängen obwuel et weint hinnen der Wert waer) mee dat et am Alldach net genuch Präsenz vun Kultur op Letzebuergesch gett.

Firwat get et keng Dageszeitung op Letzebuergesch ? Firwat keng Iwwerstzung vun der Bibel ? Iweersetzung vu Klassiker an aner Formen vun literarescher Kreazioun am allgemengen missten sech och steigeren.

Natierlech waer dat economesch gesin alles ausser rentabel, mee doremms geet et net…et ass eben ee Preis deen Letzebuerg muss bezuelen wann seng Sproch him wichteg ass. Island kann fir eis an daer Hinsicht e Beispill sin: Islaennesch gellt als kulturell gesin ganz liewesch Sproch. Owuel d’Islaenner zu manner sin wei mir (ongefeier 320 000) hun si duerch en immensen economeschen an kreativen Effort ët faerdegbrucht hir Sproch z’affirmeieren ouni se opzedrängen. Natierlesch huet hir Démographie an hir Géographie matgespillt mee et kann een trotzdeem doriwwer nodenken.

En aneren Punkt ass d’Roll dei Sproch fir d’sozial Integrazioun spillt. Mee och do waer jiddferengem letzebuergesch ze leieren eng Utopie fir dee Problem ze leisen. E Bleck op d’Statistiken vereiet eis dat d’Sozial Barrieren zwouch anescht sin: graff gesin kann ee behapten dat d’Letzebuerger all beim Stat schaffen an am privaten Bereisch sin greissterndeels d’Auslaenner dei um Wierk sin.

Wat ech heimadder soen well ass dat ët wei emmer einfa ass en Sündenbock ze fannen, mee de fait dat ët eng Sproch gett ass nët gleichzesetzen mamm Fait dat se liewt. Dofir ass ët mei wichtëg kulturell Tätegkeeten op lëtzebuergesch z’ennerstetzen siehe ze kreieren wei den arme Bäcker dee seng Arbescht mëcht ze forceieren Mëtsch ze soen an sou ze machen wei wann mer Croissant net geife verstoen, soss riskeieren mer geschwënn Letzebuergesch nëmmen nach an deem Kontext ze heiren an nët mei an Theateren, Kino’en an op aneren Kulturplaazen.

http://www.youtube.com/watch?v=r4Z85Huwj4Q

mmhh....nët immens witzëg...mmmhh...an och net immens oppen fir en multi-an interkulturellen
Austausch.
Klengen Trouscht: fir dei hallefmoundformëg mat Botter iwwerbacken Mëtsch waert den Patriot bal missen en Franséischt Fachwuert benotzen oder mamm Fanger wéisen....

6 commentaires:

  1. Qui est ce qui paye des impôts ?? Les frontaliers (130 000) et les étrangers résidents (205 000). Qui est ce qui en profite ? Les luxembourgeois (277 000) ! Où est le déséquilibre ??? Je réside au Grand duché, quand on me demande de payer une facture, mes impôts etc.. on m'écrit en français. Quand il y a une fête de quartier ou une élection, on m'écrit en luxo - donc c'est clairement pas pour moi. Moi je paye et je profite pas. Je n'ai jamais eu besoin d'utiliser le luxo - je bosse dans une boîte où il y a 0 luxo, vais dans un magasin où il y a 0 luxo, dans un club de sport où il y a 0 luxo - comment je l'apprend ??? Je vais au cinéma, je lis un livre, je regarde la télé sans parler un mot de luxo. Je contribue à la richesse du pays sans en parler UN SEUL MOT. Mais moi j'ai compris qu'un chauffeur de bus gagne beaucoup plus que moi parce qu'il est né ici et parle le "dialecte". Fais les conclusions pour moi - tu as tout compris. C'est plus le secret bancaire qui protège le pays c'est le secret du luxembourgeois !! Fallait penser à sauver votre langue avant de vous faire payer votre beau système social par les étrangers. "On ne peut plus trouver de petit personnel de nos jours, quelle insolence !! Ils ne font même pas l'effort d'apprendre notre langue"

    RépondreSupprimer
  2. Moien!
    Ech spillen dann mol einfach pro forma dem Däiwel säin Affekot spillen:
    Du sees,"Mir mussen eis Kultur um Liëwen halen!"
    a) Weisou?
    b) As eis Kultur mat eiser Sproch identesch? Ech gesin den direkten Zesummenhang net, an ausser dass de keng Loscht hues e Croissant ze bestellen mais eng Metsch (a mer dofier eis Sproch mussen retten) gesin ech och net weisou's de eppes ennerhuelen wells. An wann, wat weils de ennerhuelen?
    Wei gesoot, maan just e bessen Polemik, hu meng eegen Gedanken mais sin op deng Äntwert gespaant!
    Cya

    RépondreSupprimer
  3. @Marc: d'accord avec toi pour le systéme social, mais ma reflexion ne mise qu'à mettre en évidence qu'il serait trop facile de donner la faute aux étrangers pour le déclin ou la stagnation de l'emploi du luxembourgeois. Pour moi la faute vient de l'intérieur car les luxembourgeois ne font pas l'effort nécéssaire (économique, créatif...)pour rendre la langue attractive à une plus grande partie d'étrangers. Les premières phrases de l'article sont sarcastiques. C'est bien cette attitude là que je critique. si ça t'intéresse je peux t'envoyer une traduction de mon texte
    @Kosmopolit:
    perseinlesch fannen ech dat d'sproch en generale en wichtegen identeitifacteur ass deen op eng spezifesch kultur zreckweist. dat ass mol ee punkt.
    wisou: naemlescht ewei fir de marc, dei eischt Saetz sin sarkastesch...ech well just soen ( an dat ass de senn vum artikel) dat et nët duer geet de Leit letzebuergesch opzedraengen fir eis kultur um liewen ze halen. op mer se sollen um liewen halen ass eng aner diskussioun.
    b) wei gesot , ech sin der meenung dat sproch an kultur vill mateneen ze din hun (haengt natierlsch vun der definizioun vun kultur dei s de hells : hei eischter tradizioun, ethnësche context, regional....awer och lokal konscht asw. Ech soen just dat wann een eppes ennerhuele well fir de gebrauch vum letzebuegeschen ze fuerderen, da waer et a mengen aan mei sënnvoll Kultur op letzebuergesch ze fuerderen (bicher, theater, kino etc.) ewi opdreangung an xenophobeschen attituden an facebookgruppen. dat ass am fong alles op wat ech opmierksam well man...net op dat een et soll man an dat een eppes ennerhuelen soll. dess Fro ass an Zeiten vun der globaliseierung an vun der E.U. eng ganz interessant, mee ass eng aner ewei dei vun deser iwwerleeung....mer waerten bestemmt drop zreckkommen

    RépondreSupprimer
  4. Eng spezifesch Kultur...jo, do as grad de Problem, d'Sproch bennt dech un eng Kultur mais grenzt dee Moment aaner Kulturen aus. De Problem bei mier as z.B. dass ech an puer Kulturen "geliewt" hun an lo neierens wierklech "doheem" sin.
    Et as och emmer d'Fro wei wäit dass de Kultur, Nationaliteit an all dei mei sozio-politesch Aspekter kombineiers...
    An Letzebuerg as och rem eng Ausnahm. Mier sin e Mix aus all de Kulturen ronderem eis. An wei wäit kenne mer soen dass et iwerhapt "eng" Kultur gett?? Wou sin d'Grenzen (falls et der gett)?
    Ok, dat sin alles technesch Froen, mais vu dass dat alles sou vague as an souweisou sech emmer alles andauernd verännert drängt sech d'Fro, op mer iwerhapt eppes machen sollen jo och op.
    Gudd, dat as eng abstrakt Fro, an ech mengen dass, egal wei interessant eng Diskussioun zu dem Thema ka sin, een net direkt do raus wärt kommen...
    Et misst een iwerhapt mol eng Ahnung hun vu wat ee schwätzt...
    Bon, en tout cas, ech mengen dass sech d'Fro iwerhapt mol stellen an no Äntwerten sichen jo schon en Unfank as!
    Mais eng Fro hun ech awer nach un dech: Wei mechs de dat fier dass d'Comments vun de Leit mat afficheiert gin an dengem Blog? ;-)

    RépondreSupprimer
  5. @kosmopolit: ech verstin de lien nët sou richtëg tescht dege commets an dat wat ech geschriwwen hun??? mat degem eischte satz sin ech net d'accord...ganz am contraire...ët ass nët d'sproch dei dech agrenzt mee deng attitude(du kans zum beispill gaere eng aer sproch leieren, an hues naischt dogeint fir eng aner sproch ewei deng mammesproch ze schwetzen oder du kanns carrémet refuseieren eng aner sproch ze schwetzen( siehe ech schwetzen just nach letzebuergesch an geschäfter facebook groupen). a beide faell mescht deng attitude et aus ops de dech agrenzs oder net.
    fir d'comment hun ech keng ahnung...hien huet dat automatesch gemeet...kann der do leida net weidahellefen

    RépondreSupprimer
  6. Jo, schon, mais dei attitude dei e Mensch huet kennt duerch seng Kultur, an eng Kultur as meeschtens angrenzend...an sou denken dann och vill Menschen angrenzend. Et as net d'Sproch dei et direkt mecht, dat stemmt, mais dei spillt oft eng zentral Roll, well alles wat net op enger bestemmter Sproch as dann och net mat der korrespondeiernder Kultur assozieiert gett.
    De Lien as einfach deen, dass ech mol wollt einfach d'Situatioun aus der aanerer Richtung gesin. Ech stellen mer nämlech dei selwescht Froen wei's du, an de Problem as, fier iwerzeegend Argumenter ze hun fier seng Positioun ze verteidegen, muss een se och mat den Argumenter vergläichen, vun deenen, dei enger aanerer Meenung sin. Dofier soot ech jo, ech geif lo mol den avocat du diable spillen, eben fier ze kucken all Aspekt vun der Diskussioun oofzedecken.
    Ech hoffen ech hun et domat mei kloer gemach...wann net, dann so mer et!

    RépondreSupprimer