dimanche 27 septembre 2009

vun modernen Sophismen an Staatspaternalismus

Am antike Grieschenland waren d'Sophistën eng Zort vu Léit dei sech als "weise" ausgin hun an och als solch unerkannt goufen. Hir d'Liewen hun si oft domadder verdéngt jonken, reiche Leit Kueren an der Réthorik ze gin an hinnen Tricker ze weisen wei een op der Agora .zum Beispill, iwwerzeegen konnt. Eng vun deenen Haptbeschäftegungen vum Platon sengem Sokrates war et de Sophisten ze weisen dats komplett incoherent an hieren Iwwerléungen waren. Dovun kënnt ët dat mat "Sophismus" eng incoherent an kontradiktorësch Iwwerléeung bezeeschnet. Am Moment beschäft ët mech vill sou Iwwerléungen am Konservativen Discours ze sichen an verschidde Fäll vun Staatspaternalismus deen op ganz dubios Argumenter baséiert bessen ze dénocieieren an weisen firwat et sougenannten Sophism'en sin. Hei e puer Beispiller:

Thema gleichgeschlechtëg Adoptzioun:
Firwat ass dat nach nët legal froen ech mech, an ech kréien oft dei selwescht Aentweren:

-D'Kanner aus sou Famili'en geingen gesellschaftlësch nët akzepteiert gin.
Ass dat e gültëgt Argument fir Léit dei e Kand wëllën erzeien dat (leider nach nët legal gesin) "Recht" wegzehuelen? an mengen Aan ganz kloer nët well et ass nët well ët am Moment sou ass, dat soll sou sin. Et gëtt absolut keen logëschen lien tëscht engem jugement de fait an engem jugement de valeur, oder wei den Hume schon sot: De ce qui est, on ne peut passer logiquement, sans rien ajouter, à ce qui doit être. Eng desriptioun vum engem Zoustand kann nët normativ sin! Beispill: am Mëttëlalter an an der Neizeit sin Leit liëweg verbrannt gin, et war sou, mee dat well nët heeschen dat ët gudd sou war. Ausserdeem, wei kann ee soen ouni ze probéieren dat ët sou waert sin.
-D'Kanner aus sou Famili'en geingen an hirer sexueller Identitéit bessi verluer sin.
Ass dat wirlësch esou, wei kann een dat noweisen? Kann ee Kanner vir sou domm halen dat se nët mierken dat se Bomi an Bopi hun an dat d'Noperen nët sou sin. Ausserdeem, wat heescht dat par rapport zu hierer sexueller Identitéit verluer sin?, wéi kann een sech dat Rescht huelen ze soen Homosexuelaitéit nët dei richtëg sexuell Orientéierung ass? Waer do en relieisen a priori an eiser moderner, liberaler Gesellschaft?
-Et ass nët gudd wann Kanner Affekzioun an Erzeiung just vun engem Geschlescht kréien.
Asou?firwat dann? Spéitstens an der Schoul oder bei hieren Grousselterën kreien se ët jo souwisou. Ausserdeem géing dëst Argument jo och géint gleichgeschleschtëg Schoule goen, mee dei gin vun deene gehalen dei d'Argument am ofsten benotzen....

Thema Euthanasie:

-wa mer d'Euthanasie legaliseiern dann waerte mer geschwënn all dei Al Léit direkt emmbréngen.
Dësen Argument ass e ganz klasseschen rethoreschen Trick deen "argument de la pente glissante" genannt gëtt. En présenteiert d'Sachen esou wéi wann en kloeren Lien zweschen 2 Sachen sin dei am fong naischt mat eneen ze din hun, an wéi tëscht dësen 2 Sachen just en Niveausennerscheed waer. Gereegëlt Euthanasie, dei den Dokter an dem Patient eng Rechtlësch Sëcherheet geet an den Patient erlabt eierbar ze stierwen huet naischt mat Massemord vun ale Léit ze din. Hei nach puer Beispiller wou een en causalen lien tëscht zwou Sache mëscht fir dei eng kategorësch ze verbidden: "een dee kifft, gréift speider zu mei harden Drogen, dofir ass ët schlescht Gras ze légaliseieren" oder "wa mer nach klonfoschungen machen, dann waerten geschwënn Armeien vun Menschën gezüscht gin"

Thema klonen:

zwar ass dëss discussioun e bessi iwwerflësseg, well mer nach bei weiten nët um wëssenschaftlëschen Punkt ukomm sin wou dat iwwerthapt méiglësch waer. Mee ët ass nët schlescht sou een extreemt Beispill ze huelen fir ze kucken wéi weit sou Sophism'en an eis sin.
Wat kéinnt een geint klonen objekteieren ausser lo d'Argument aus der Sekzioun driwwer?
Z.B. geklonte Kanner geing Perséinleschkeets an psychologësch probleemer kréien well se wëssën dat een anere Mënsch dei naemlescht Geenen huet. Ah jo...firwat dann? All Mënsch huet zu 99,9% dei naemlescht Geenen. Ass dat meescht nët souwisou kulturell an Erzéihung? waer méi Papp 30 duerno gebuer waer hien bestëmmt en ganz aneren Mënsch wei deen deen hien e lo ass? An nët nach mei verschidden wann en zwouch anescht gebuer waer. Zwilling hun jo meeschtens keng identitéitkrisen...En plus sou Faell kéinnt een relativ einfach verhenneren an deems ee geing d'Elteren vum geklonte Kant anonym behalen, an dëst eng alternativ vir onfruchtbar Koppelën geing man...

Et gin nach vill sou Iwwerleeungen zu Thema'en wei z.b. Prostituzioun ,Pornographie, Zensur Reliounsfreiheet. Am moment ass et e bessi speit mee den "vun modernen Sophismen an Staatspaternalismus 2" kënnt geschwënn