lundi 8 mars 2010

Europa

De Weekend war ech aus administrative Grënn zréck op Lëtzebuerg. D'Okasioun fir Erasmuskoleegen aus Breissel d'Land ze weisen, wat wahrend de Bistrosgespréischer oft erwaehnt gëtt. D'Erasmuskollegen waren hei all aus Spuenien. "Spuenien" ass awa fir sie en zevill vaguen Bëgrëff, well se sin virun allem aus Andalusien, Katalonien an dem Baskenland, duerno aus Spuenien.

Wei ët sech geheiert ware mer Mëttës bis an den Inter e Kaffi drénken. Um Dëch loung d'Tageblatt an ech gouf gefrot firwat keen Artikël op Lëtzebuergësch waer. Gudd Fro...
Duernop gouf ech gefrot op ech nët traurëg waer dat ët nët sou waer an op ech nët rose waer dat souvill Leit Franséisch schwetzen. "Et ass mer egal" hun ech geäntwert, "Ech keinnt jo och Franséisch". An dësem Moment hun ech nees gemierkt dat Europa complizeiert ass, an dei meeschten aner Sacken op der Welt och.

Ech eklaeren: Fir den Katalan oder Bask ass nationalismus eng meeschtens lénksorienteiert Astellung, dei sech meeschtens geint den Ennerdrécker Spuenien dréit (den Nationalismus ass op Regiounen bezunn, d'Wuert Regionalismus waer och gudd, mee regionalem Nationalismus fannen ech mei treffend) . Den Frankismus wollt effectiv en kulturellen Genocide vollfeieren an Regiounen wei Gallizien,Katalonien oder d'Baskeland hispaniseieren. Hir Sproch gouf verbueden. Seit dem Fall vum Frankismus sin reischt 30 Joer vergangen an d'Jugend huet nach emmer Probleemer sech mamm freieren Ennerdrécker z'indentifizeieren. Dat hei ass natierlesch Vereinfachung, mee et kann Deelweis erklaeren firwat dei grouss Aan bei menger Nationaler gleichgültëg geet.

Bei eis ass Nationalismus e bessi anescht...ech hu mech oft genuch an dësem Blog driwwer opgereegt, dofir hei kuerz: ët ass meschtens nët sexy!, an NEE, mir gin nët ennerdréckt, mir erstécken eis selwer.

D'Diskussion dropshin war geil an ech hun endlesch en konkreten Virdeel gesin an der E-U ze sin: den Erasmus Programm.
Moltes gracies nois!

mercredi 24 février 2010

Roude Leiw huel se!

Sin ech en Nationalist, e Patriot? Haut de Mëtten um 2 war ech stoltz aus Lëtzebuerg ze sin. Eppës wat mer normalerweis nëmmën am Juli waehrend dem Tour de France passeiert. Meeschtens ass d'Bezeihung dei ech mat mengem Gebuertsland hun eng Hass-Liebe. Ech schumme mëch wann ech all dei dämlesch Facebook-gruppen gesin, eng Fra dei seng Arbescht mëscht an domm ugemeet gett well se kee Letzebuergesch kann erliewen, Wort- Lieserbreifer liesen, eis Gesetzer wat Homosexueller ubelengt kucken oder eis Wahlresultater gesin.

Soit, Haut war ech stoltz! Ech war ënnerwee fir op Breissel an war zur Zeit op der Gare fir mer nach d'Musikexpress ze kafen. Dëse Mount um Programm:"Die Rückher der Neunziger". Anscheinend soll dei lescht Decade vum leschten Johrdausend nees "IN" gin. Soit, Gronn genuch fir d'Musikexpress en groussen 90's Réckbléck ze man. Dozou geheieren natierlesch top 10'en; beschte Filmer, Alben, Politiker etc.. Awer och Kënschtler...

Den Zuch stoung nach am Moment wou ech op Plaz 10. vun hire Lieblingskënschtler vun den 90's de Michel Majerus gesin hun. An deem Moment war ech stolz, onheemlesch Stoltz. Genau wei beim Brecht sengem Herrn K. huet dat Gefill nët lang ugehalen, huet sou ze soen opgehalen wou ech ugefangen hun mat iwwerleen ( wat mer beim Tour de France mei schweier fellt zum Gléck). De Michel Majerus http://en.wikipedia.org/wiki/Michel_Majerus
, hat Letzebuerg nie gaeren. Hien war ëmmër dogeint zu Lëtzebuerg auszestellen. D'Cuase vu mengem Stoltz war also selwer nët sou frou mat sengem Land. Et ass bal ze einfach sech virzestellen firwat en Kënschtler aus den 80er an 90er Lëtzebuerg misst gehast hun. Natierlsch war ech ze jonk an wees nët wei et genau war, mee trotzdem. D'Europäesch Hapstat Lëtzebuerg war en kulturellt Drëttweltland mat engem eenzegen "foure-tout" Musée, en Centre Univesristère( schweier virzestellen wat een do ugebueden huet wann een lo kuckt wat dei richtëg Uni ze bidden huet) an e puer Galerien. Deifschlof sou ze soen. Kee Wonner dat en talenteierten Artist an sou engem Emfeld frustreirt ass.

Zum Gléck ass ët haut anescht. D'Stat bidd Kultur hun, dei lescht Austellung aus dem Mudam huet Erfollëg, Lëtzebuerg kann sech endlesch bretzen. Schued nëmmen dat dei Leit dei sech am meeschtem mat Letzebuerg bretzen na nët erkannt hun dat dat eng vu sengen Staerken ass an Kultur (voir zeitgenësseg Konscht) nët nëmmen Suenverschwendung ass. Zum Michel Majerus senger Zeit waren dei Leit nach am Parlament. Haut ass ët nëtmei ausschliesslech sou.

Ironesch nach, dat ech am Moment vu mengem Stolz ,ech an enger der emmgredreiter Situazioun war ewei den Michel Majerus am Moment vu sengem Dout. Ech frou fir Lëtzebuerg nees fir eng Zeitschen ze verloosen, de Michel Majerus um Wee fir zréck an d'Heemescht.

vendredi 12 février 2010

Ich möchte Teil einer Jugendbewegung sein

Geschwënn 23 Joer aal, ass dat nët den perfekten Alter fir e besschen Nostalgie an en Réckbléck op wat bis elo main Liewen war. De Bléck no vir ass am Moment e bessi erschréckend, mee als Trouscht waert ech um Dag vu mengem Gebuertsdag "Ich bin zu jung um eine Biographie zu schreiben, bin zu alt um ewig jung zu bleiben" als Facebookstatus ziteieren können. E Satz deen ech fir d'eischte Keier heieren hun an engem Zeitalter wou ech nach keen Internetuschloss Doheem hat, an Facebook nach Schoul geheescht huet.

Deen Zeitalter war meng Jugend, mee wat fir ee Jugendleschen war ech dan? weienger Beweegung hun ech ugeheiert? Eng schweier Fro fir en Teenie aus den Noughties. Gouf ët Jugendbewegungen an den Noughties? Haett ech iwwerhapt dei Meigleschkeet gehat en Deel dovunner ze sin?

Wei war et nach mei mat 12? Komm mer gin mol vun der Musék aus, fir d'Sachen ze verienfachen.
Op 7e gouff ët 3 Zorten vu Léit: Dei fir dei Musék egal war, dei di Radio gelauschtert hun an dei di sech schon vit e Stil vu Musék interesseiert hun. Firwat? Bei mir war ët secherlesch well main Papp mer seng Musék wollt undreinen. Scheiss Ufank am Fong, wei onrebellësch. Soit, et huet ee missen Farw bekennen, an ech hu mech fir Rockmusék interesseiert an hu Pop verpöhnt. Rockmusék war fir mech deemols dei prezis Definizioun vir Musék mat elektresche Gitaren.

Dat coolt u Schoul waren jo am fong d'Meedescher, d'Mëttëspausen an d'Turnstonnen. An weint eiser weineger Ahnung vum weiblesche Geschlescht (an deem seng nach nët mega spannend Anatomie mat 12 joer) huet een och missen iwwert aaner Sachen schwetzen: Metallica, RHCP, Toten Hosen an Nirvana. Dat war meng Musékcultur op 7e. Dat ass wat permanent an mengem na net schockfesten Discman gelaf ass. Ech war e Mitläufer, ech hu Metallica gudd fonnt aus 2 Grënn , et war nei an ët war Rockmusék. D'Meedescher an mai Papp haten ët nët immens gaer. Tant pis oder grad esou gudd, endlesch Outcast. Ech mengen ech hun awa och deemols geduescht Metallica geingen eierschlesch Gefiller eriwwerbrengen, net ewei D'Britney.

Hey dei Typen am Clip hun lang Hoer (ahjo, et gouf och nach Muséksfernsehn, wou een nach Stonnelang op "Otherside" gewart huet, an ee sech "Five" dofir huet). Ech well dat och. Ech wollt anescht sin ewei dei Leit op 6e mat gegellten Knaller Frisuren. Okay, mee Musék muss och hir, de Bustrajet dauert eng Eiwegkeet, zemols wann een zu Fenteng wunnt an een op Hesper muss trëppelën fir en Bus op den Lampertsbierg ze kreien, an d'Meedescher an der Klasse hun sech en plus nët vill geännert.

Ech mengen Gott huet mer dann de Wee gewisen. Den Zeeschen war zevill Eindeutesch! Mai Papp huet eng Satelliteschossel, an wärend dem Sichen vu Pornosenderen huet en mat mer geschwat! An Form vun Viva 2! Wat eng Reizüberflutung! Placebo, The Hives, Deftones, Him!!! Richtege Underground Sachen dei nach nët vill Leit an der Schoul kannt hun ausser Expert'en. Ech war ab elo ee vun hinnen. En plus huet dat mat mengem Kleederstil gepasst (Jeans an Print T-Shirt), hun ech mol geduescht. An plus huet den Moderator vun Viva2 ewei den Kurt Cobain ausgesin!Geil! Endlesch hat ech och e Grond vir Suen auszegin! Hun jo nach nët gefëmmt an Rausgoen war als solschen nach keen Thema.

to be continued...