vendredi 12 février 2010

Ich möchte Teil einer Jugendbewegung sein

Geschwënn 23 Joer aal, ass dat nët den perfekten Alter fir e besschen Nostalgie an en Réckbléck op wat bis elo main Liewen war. De Bléck no vir ass am Moment e bessi erschréckend, mee als Trouscht waert ech um Dag vu mengem Gebuertsdag "Ich bin zu jung um eine Biographie zu schreiben, bin zu alt um ewig jung zu bleiben" als Facebookstatus ziteieren können. E Satz deen ech fir d'eischte Keier heieren hun an engem Zeitalter wou ech nach keen Internetuschloss Doheem hat, an Facebook nach Schoul geheescht huet.

Deen Zeitalter war meng Jugend, mee wat fir ee Jugendleschen war ech dan? weienger Beweegung hun ech ugeheiert? Eng schweier Fro fir en Teenie aus den Noughties. Gouf ët Jugendbewegungen an den Noughties? Haett ech iwwerhapt dei Meigleschkeet gehat en Deel dovunner ze sin?

Wei war et nach mei mat 12? Komm mer gin mol vun der Musék aus, fir d'Sachen ze verienfachen.
Op 7e gouff ët 3 Zorten vu Léit: Dei fir dei Musék egal war, dei di Radio gelauschtert hun an dei di sech schon vit e Stil vu Musék interesseiert hun. Firwat? Bei mir war ët secherlesch well main Papp mer seng Musék wollt undreinen. Scheiss Ufank am Fong, wei onrebellësch. Soit, et huet ee missen Farw bekennen, an ech hu mech fir Rockmusék interesseiert an hu Pop verpöhnt. Rockmusék war fir mech deemols dei prezis Definizioun vir Musék mat elektresche Gitaren.

Dat coolt u Schoul waren jo am fong d'Meedescher, d'Mëttëspausen an d'Turnstonnen. An weint eiser weineger Ahnung vum weiblesche Geschlescht (an deem seng nach nët mega spannend Anatomie mat 12 joer) huet een och missen iwwert aaner Sachen schwetzen: Metallica, RHCP, Toten Hosen an Nirvana. Dat war meng Musékcultur op 7e. Dat ass wat permanent an mengem na net schockfesten Discman gelaf ass. Ech war e Mitläufer, ech hu Metallica gudd fonnt aus 2 Grënn , et war nei an ët war Rockmusék. D'Meedescher an mai Papp haten ët nët immens gaer. Tant pis oder grad esou gudd, endlesch Outcast. Ech mengen ech hun awa och deemols geduescht Metallica geingen eierschlesch Gefiller eriwwerbrengen, net ewei D'Britney.

Hey dei Typen am Clip hun lang Hoer (ahjo, et gouf och nach Muséksfernsehn, wou een nach Stonnelang op "Otherside" gewart huet, an ee sech "Five" dofir huet). Ech well dat och. Ech wollt anescht sin ewei dei Leit op 6e mat gegellten Knaller Frisuren. Okay, mee Musék muss och hir, de Bustrajet dauert eng Eiwegkeet, zemols wann een zu Fenteng wunnt an een op Hesper muss trëppelën fir en Bus op den Lampertsbierg ze kreien, an d'Meedescher an der Klasse hun sech en plus nët vill geännert.

Ech mengen Gott huet mer dann de Wee gewisen. Den Zeeschen war zevill Eindeutesch! Mai Papp huet eng Satelliteschossel, an wärend dem Sichen vu Pornosenderen huet en mat mer geschwat! An Form vun Viva 2! Wat eng Reizüberflutung! Placebo, The Hives, Deftones, Him!!! Richtege Underground Sachen dei nach nët vill Leit an der Schoul kannt hun ausser Expert'en. Ech war ab elo ee vun hinnen. En plus huet dat mat mengem Kleederstil gepasst (Jeans an Print T-Shirt), hun ech mol geduescht. An plus huet den Moderator vun Viva2 ewei den Kurt Cobain ausgesin!Geil! Endlesch hat ech och e Grond vir Suen auszegin! Hun jo nach nët gefëmmt an Rausgoen war als solschen nach keen Thema.

to be continued...

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire