an der belge ass lo am breisseler parlament, bei den sozial chrëschten ( CDH), eng Fra mat Schleier gewielt gin.
http://www.lesoir.be/forum/cartes_blanches/2009-07-06/voile-progressistes-716323.shtml
desën artikel vum soir spiggëlt verschidden Aengst dei aus lenkse millieu'en kommen, awer zemols aus liberalen, am rapport mat dësëm fait an generell gesin iwwert den Schleier. Oft kënnt aus dësë millieu'en d'propose de Schleier kurz un bündig ze verbidden ( op öfentlesche plazen). Eng Folge vun daer propose waer dann dat eng Fra mat Schleier naischt am parlament verluer huet. Wei soll een dozou stoen? Gudd Fro....Dozou meng iwwerleeungen:
-Wouhir hu mir dat Recht léit ze verbidden wei se hir Relioun sollen auliewen, soulang se sech doduerch nach an der Accueilsgesellschaft integreien koennen ( e Schleier ass just eng Kopfbedeckung)?
-si mir manner religeis oder fundamentalistesch? nët onbedéngt...Lëtzebuerg z.b. huet mat 40% deo CHRëSCHTLESCH-sozial-vollekspartei gewielt...weem hu mir so Lektiounen ze verdeelen?
-een vun de Probleemer vum Verbot vum Schleier ass dat se all d'Fra'en an een Dëppe geheit...dei dei ët freiwëllëg man ( ech versti nët firwat an wei, mee ët ass nët u mir fir a plaz vun hinnen ze décidéeieren), an dei bei deenen doheem Drock ausgeübt gëtt.
-Fördert e Verbot d'Integrazioun? menger Menung no op kee Fall, e fördert weidder Stigmatiseierung, dei Fra'en gin dann Doheem genervt an an der Schoul, Schaff...Assimilation à tout prix fonctionnéeirt nët. menger Meenung no misst ee mol d'Integrazioun befirdeelegen, an nët ethnocentistësch iwwert anere uerdeelen. natierlesch ass d'Plaz vun der Fra an der islamescher Welt eng ganz epinéeis Fro'en...mee generaliseieren waer falsch. Ech mengen dat der Fra hir posizioun sech an eise Laenner duech intégrazioun geing mat der Zeit besseren...zemols bei Fra'en wou den Drock vun Doheem mei gereng ass.
-déi Fra dei zu Breissel gewielt gin ass, ass demokratesch mat Schleier gewielt gin...dat ass eben esou...ech sin och nët d'accord mat der Csfaul...mee bon wann se gewielt gin ass dann muss een dat akzepteieren...soss ass een selwer den antidemokrat...
Et ass op jiddferfall eng schweier Fro. Et gett "Islam" an "Islam", an dat soll een sech bewosst sin, et gëtt och frei Wëllen vun der Fra, deen dann awa kulturell immens beaflosst ass...daerfe mir en dann uerdeelen?
Wei gesot, ech mengen Intergratioun an Zeit sin d'Zauberwierder...dat geing den kulturellen Drock vu beide Seiten mol apeseieren...
hei eng Seit dei vurun 4 meint an den belger Zeitung "le soir" geprint gin ass mat ganz interessanten Debatter...mai favourit ass den interview an Här Hasquin.
http://archives.lesoir.be/les-%AB-accommodements-%BB-divisent-les-partis-politiques_t-20090520-00N56E.html?action=nav&nav=1&pos=3&all=2751&query=hasquin&queryor=hasquin&firstHit=0&by=10&when=-1&sort=datedesc&all=2751