vendredi 13 novembre 2009

ganz konkreete Fall vu Staatspaternalismus inklusive Sophismen

Halli hallo, ech melle mech rëm well ech Gëschter duerch Zoufall eng Reportage iwwert eng Tenative de Leit an Bayern en Liewensideal opzedrängen an Formvun engem Gesetzt, wat jo nët besonnëg beis ausgesit, mee a mengen Aan en trojanescht Paerd voller Integrismus.
http://www.rbb-online.de/kontraste/archiv/kontraste_vom_12_11/streit_um_betreuungsgeld.html
Wei gesot, kuckt iech dat eng Keier un, et si puer Beispiller vun Methoden dei ech am mengem laechte Beitrag genannt hun.
Zum Beispill:
Christine Haderthauer (CSU), Familienministerin Bayern
„Es ist einfach was anderes die Liebe, den Rückhalt der Bezugsperson im Focus der Bezugsperson zu sein, als sich mit 5,6,7, 8 anderen um die Zuwendung der Erzieherin, sei sie noch so toll, in einer Krippe streiten zu müssen.“

Johannes Schroeter, Familienbund der Katholiken in Bayern
„Liebe, das Gefühl einzigartig zu sein, kann eigentlich nur in diesen Familien gegeben werden – unter welch schwierigen Rahmenbedingungen auch immer – und die Familie ist durch nichts zu schlagen, schon gar nicht durch staatliche Expertensysteme.“

Hei gin einfa Fakten erfonnt (bla bla bla d'Erzeihung vun der Mamm ass besser fir d'Kant), Zu bal wëssenschaftleschen Woureschten erhuewen, obwuel nach keng Studie bewisen huet dat et dem Kand schuet ( oder virwat nët seguer gudd fir ët soll sin) e puer Stonnen am Dag an enger Krèche ze sin...nee, nee dir leiw konservativ Leit, dat hudd dir aus der Traditioun, net aus der Peda.
Wei de Reportage et seet, misste een sech iwwerleen op et nët en Schrëtt vun 100 Joer zréck waer, d'Fraen fir 150 euro nees doheem ze loosen oder se gesellschaftlësch an Rabemüttern duerzestellen. An d'Männer an daer Affaer?...
Voilà, schon grugelëg dat ganzt, mee weist mol dat dee Beitrag drënner nët nëmme pseudo-philosopheschen Bloedsinn, mee schon présent ass


dimanche 27 septembre 2009

vun modernen Sophismen an Staatspaternalismus

Am antike Grieschenland waren d'Sophistën eng Zort vu Léit dei sech als "weise" ausgin hun an och als solch unerkannt goufen. Hir d'Liewen hun si oft domadder verdéngt jonken, reiche Leit Kueren an der Réthorik ze gin an hinnen Tricker ze weisen wei een op der Agora .zum Beispill, iwwerzeegen konnt. Eng vun deenen Haptbeschäftegungen vum Platon sengem Sokrates war et de Sophisten ze weisen dats komplett incoherent an hieren Iwwerléungen waren. Dovun kënnt ët dat mat "Sophismus" eng incoherent an kontradiktorësch Iwwerléeung bezeeschnet. Am Moment beschäft ët mech vill sou Iwwerléungen am Konservativen Discours ze sichen an verschidde Fäll vun Staatspaternalismus deen op ganz dubios Argumenter baséiert bessen ze dénocieieren an weisen firwat et sougenannten Sophism'en sin. Hei e puer Beispiller:

Thema gleichgeschlechtëg Adoptzioun:
Firwat ass dat nach nët legal froen ech mech, an ech kréien oft dei selwescht Aentweren:

-D'Kanner aus sou Famili'en geingen gesellschaftlësch nët akzepteiert gin.
Ass dat e gültëgt Argument fir Léit dei e Kand wëllën erzeien dat (leider nach nët legal gesin) "Recht" wegzehuelen? an mengen Aan ganz kloer nët well et ass nët well ët am Moment sou ass, dat soll sou sin. Et gëtt absolut keen logëschen lien tëscht engem jugement de fait an engem jugement de valeur, oder wei den Hume schon sot: De ce qui est, on ne peut passer logiquement, sans rien ajouter, à ce qui doit être. Eng desriptioun vum engem Zoustand kann nët normativ sin! Beispill: am Mëttëlalter an an der Neizeit sin Leit liëweg verbrannt gin, et war sou, mee dat well nët heeschen dat ët gudd sou war. Ausserdeem, wei kann ee soen ouni ze probéieren dat ët sou waert sin.
-D'Kanner aus sou Famili'en geingen an hirer sexueller Identitéit bessi verluer sin.
Ass dat wirlësch esou, wei kann een dat noweisen? Kann ee Kanner vir sou domm halen dat se nët mierken dat se Bomi an Bopi hun an dat d'Noperen nët sou sin. Ausserdeem, wat heescht dat par rapport zu hierer sexueller Identitéit verluer sin?, wéi kann een sech dat Rescht huelen ze soen Homosexuelaitéit nët dei richtëg sexuell Orientéierung ass? Waer do en relieisen a priori an eiser moderner, liberaler Gesellschaft?
-Et ass nët gudd wann Kanner Affekzioun an Erzeiung just vun engem Geschlescht kréien.
Asou?firwat dann? Spéitstens an der Schoul oder bei hieren Grousselterën kreien se ët jo souwisou. Ausserdeem géing dëst Argument jo och géint gleichgeschleschtëg Schoule goen, mee dei gin vun deene gehalen dei d'Argument am ofsten benotzen....

Thema Euthanasie:

-wa mer d'Euthanasie legaliseiern dann waerte mer geschwënn all dei Al Léit direkt emmbréngen.
Dësen Argument ass e ganz klasseschen rethoreschen Trick deen "argument de la pente glissante" genannt gëtt. En présenteiert d'Sachen esou wéi wann en kloeren Lien zweschen 2 Sachen sin dei am fong naischt mat eneen ze din hun, an wéi tëscht dësen 2 Sachen just en Niveausennerscheed waer. Gereegëlt Euthanasie, dei den Dokter an dem Patient eng Rechtlësch Sëcherheet geet an den Patient erlabt eierbar ze stierwen huet naischt mat Massemord vun ale Léit ze din. Hei nach puer Beispiller wou een en causalen lien tëscht zwou Sache mëscht fir dei eng kategorësch ze verbidden: "een dee kifft, gréift speider zu mei harden Drogen, dofir ass ët schlescht Gras ze légaliseieren" oder "wa mer nach klonfoschungen machen, dann waerten geschwënn Armeien vun Menschën gezüscht gin"

Thema klonen:

zwar ass dëss discussioun e bessi iwwerflësseg, well mer nach bei weiten nët um wëssenschaftlëschen Punkt ukomm sin wou dat iwwerthapt méiglësch waer. Mee ët ass nët schlescht sou een extreemt Beispill ze huelen fir ze kucken wéi weit sou Sophism'en an eis sin.
Wat kéinnt een geint klonen objekteieren ausser lo d'Argument aus der Sekzioun driwwer?
Z.B. geklonte Kanner geing Perséinleschkeets an psychologësch probleemer kréien well se wëssën dat een anere Mënsch dei naemlescht Geenen huet. Ah jo...firwat dann? All Mënsch huet zu 99,9% dei naemlescht Geenen. Ass dat meescht nët souwisou kulturell an Erzéihung? waer méi Papp 30 duerno gebuer waer hien bestëmmt en ganz aneren Mënsch wei deen deen hien e lo ass? An nët nach mei verschidden wann en zwouch anescht gebuer waer. Zwilling hun jo meeschtens keng identitéitkrisen...En plus sou Faell kéinnt een relativ einfach verhenneren an deems ee geing d'Elteren vum geklonte Kant anonym behalen, an dëst eng alternativ vir onfruchtbar Koppelën geing man...

Et gin nach vill sou Iwwerleeungen zu Thema'en wei z.b. Prostituzioun ,Pornographie, Zensur Reliounsfreiheet. Am moment ass et e bessi speit mee den "vun modernen Sophismen an Staatspaternalismus 2" kënnt geschwënn

lundi 3 août 2009

nice stuff


Numéro fantastique des inrocks! Le suplément sexe 2009 est vraiment extraordinaire. Très intelligent: il jongle très subtilement entre des thèmes comme la pornographie, la censure, la police morale, l'esthétique X, la religion, les "social networks"...
De nouveau je suis tombé sur des sujets qui me plaisent beaucoup comme la culture de la prohibition et la censure dans le domaine de l'art(c.f. "faut-il protéger les ados de la pornographie" de ce numéro, article que monsieur Grosbusch de www.rtl.lu et sa fille devraient absolument lire avant de me traiter de jeune imbécile). Fidèles à leur propre style, les inrocks melent notamment la nostalgie romantique de l'érotisme vieux jeu à la révolution sexuelle amenée par internet 2.0..
A ne pas manquer

lundi 27 juillet 2009

islamophobie, emancipation an perséinlësch freiheet....

an der belge ass lo am breisseler parlament, bei den sozial chrëschten ( CDH), eng Fra mat Schleier gewielt gin.
http://www.lesoir.be/forum/cartes_blanches/2009-07-06/voile-progressistes-716323.shtml
desën artikel vum soir spiggëlt verschidden Aengst dei aus lenkse millieu'en kommen, awer zemols aus liberalen, am rapport mat dësëm fait an generell gesin iwwert den Schleier. Oft kënnt aus dësë millieu'en d'propose de Schleier kurz un bündig ze verbidden ( op öfentlesche plazen). Eng Folge vun daer propose waer dann dat eng Fra mat Schleier naischt am parlament verluer huet. Wei soll een dozou stoen? Gudd Fro....Dozou meng iwwerleeungen:
-Wouhir hu mir dat Recht léit ze verbidden wei se hir Relioun sollen auliewen, soulang se sech doduerch nach an der Accueilsgesellschaft integreien koennen ( e Schleier ass just eng Kopfbedeckung)?
-si mir manner religeis oder fundamentalistesch? nët onbedéngt...Lëtzebuerg z.b. huet mat 40% deo CHRëSCHTLESCH-sozial-vollekspartei gewielt...weem hu mir so Lektiounen ze verdeelen?
-een vun de Probleemer vum Verbot vum Schleier ass dat se all d'Fra'en an een Dëppe geheit...dei dei ët freiwëllëg man ( ech versti nët firwat an wei, mee ët ass nët u mir fir a plaz vun hinnen ze décidéeieren), an dei bei deenen doheem Drock ausgeübt gëtt.
-Fördert e Verbot d'Integrazioun? menger Menung no op kee Fall, e fördert weidder Stigmatiseierung, dei Fra'en gin dann Doheem genervt an an der Schoul, Schaff...Assimilation à tout prix fonctionnéeirt nët. menger Meenung no misst ee mol d'Integrazioun befirdeelegen, an nët ethnocentistësch iwwert anere uerdeelen. natierlesch ass d'Plaz vun der Fra an der islamescher Welt eng ganz epinéeis Fro'en...mee generaliseieren waer falsch. Ech mengen dat der Fra hir posizioun sech an eise Laenner duech intégrazioun geing mat der Zeit besseren...zemols bei Fra'en wou den Drock vun Doheem mei gereng ass.
-déi Fra dei zu Breissel gewielt gin ass, ass demokratesch mat Schleier gewielt gin...dat ass eben esou...ech sin och nët d'accord mat der Csfaul...mee bon wann se gewielt gin ass dann muss een dat akzepteieren...soss ass een selwer den antidemokrat...

Et ass op jiddferfall eng schweier Fro. Et gett "Islam" an "Islam", an dat soll een sech bewosst sin, et gëtt och frei Wëllen vun der Fra, deen dann awa kulturell immens beaflosst ass...daerfe mir en dann uerdeelen?

Wei gesot, ech mengen Intergratioun an Zeit sin d'Zauberwierder...dat geing den kulturellen Drock vu beide Seiten mol apeseieren...

hei eng Seit dei vurun 4 meint an den belger Zeitung "le soir" geprint gin ass mat ganz interessanten Debatter...mai favourit ass den interview an Här Hasquin.
http://archives.lesoir.be/les-%AB-accommodements-%BB-divisent-les-partis-politiques_t-20090520-00N56E.html?action=nav&nav=1&pos=3&all=2751&query=hasquin&queryor=hasquin&firstHit=0&by=10&when=-1&sort=datedesc&all=2751

lundi 20 juillet 2009

iwwert erzeiung, bildung, sozial barrièren an trillinguismus...the preview

ech hun , am bus,am essentiel gelies ...aiaiai secherlesch net dei beschte quelle, mee et huet mech drop opmierksam gemeet...eisen 3 sprochensysteme (an der primaershoul mol) ass an discuissioun...ech waert probeieren mech an der naechst mei z'informeieren fir dann och mei pefferkaer dozou beizedroen...stay tuned

jeudi 16 juillet 2009

Luxembourg is still alive (at least mei ewei Veneedeg)...

Nach emmer am cader vun der Verbiddkultur, vun der perseinlescher Freiheet an och vun der liberté d'expressioun lafen am moment 2 onofhengesch kulturell Ereignisser an der Stat Lëtzebuerg dei enn Detour Wert waeren ( ewei den Touristinfo geing soen)

- Engerseits ass am moment am Geschichtsmusée vun der Stat Lëtzebuerg, am Kader vun der temporairer Austellung "Mord und Totschlag", en ganz interessante Sall mat Zitater vun bekannte Leit iwwert Euthanasie, Ofdreiwung an Selbstmord. Och wann e puer Zitater zevill aus dem Kontext esrausgeholl sin dei afficheiert Zitater aus dem Sall eng ganz gudd Ennerlag fir weider Diskussiounen an Iwwerleeungen zu Thema. Den Lien mat der Austellung ass och interessant: ass Euthanasie Mord? Main Pefferkeer: Sidd iech bewosst dat bal 40 % vun de Lëtzebuerger dei CHRESCHTLESCH-sozial Vollekspartei gewielt hun.

-Op der anerer Seit hu mer op der Place d'Armes eng kleng merkwurdëg Kabine vum belgen Artist Jacques Charlier. Dem Jacques Charlier sai projet "100 sexes d'artistes" gouf dëst joer op der Biennale vun Veneedeg zenseiert an nët ausgestalt. Et waer anscheinend ze provocant, schockant, nët deezent.
http://www.lalibre.be/culture/arts-visuels/article/499467/venise-censure-jacques-charlier.html
Zum Gléck huet den Artist zesummen mat aneren Stiet an Muséen sech dat nët gefale geloos an huet dann eben seng 100 genitalien vun artisten eben zwouch anescht gestalt. Gidd iech selewer iwwerzeegen, dësen witzegen point de vue op dei zeitgenössëg Konscht ass alles anescht als obzön. An och wann ët sou waer: wei kann eng vun deene wichtëgsten Konschtbienalen op der Welt( dei d'Beispill sollt gin an eng avant-garde a punkto expressiouns- a meenungs- freiheet ouni jeeglesch Taboo'en sollt sin) mat nordkoreanesche Mëttele schaffen?....what the fuck?
Dir kënnt iech dei Sach och um Internet ukcken an mol checken weivill "sexes d'artistes" dir remmerkennt.
http://www.jacquescharlier-venise2009.be/
Puer loblësch Initiativen vun der Stat an hiere Musé'en.
Et vergësst een jo bal d'Kamera'en....

mardi 14 juillet 2009

Le reti, i cancelli, le zone rosse: ass dat d'aenwert? klappe di zweite

no e puer discuissiounen mat koleegen ass mer opgefall dat eng prezisioun a menga eischter iwwerleeung gefeelt huet. naemlesch a propos vun der fro op verbidden jee eppes verbessert oder verhënnert haett. natirlesch sin heimadder akten gemengt bei der keen ausser vlait dei persoun dei den akt vollbréngt zuschued kennt. Z.B. dei sougennanten "crimes sans victime" vun deenen den Ruwen Ogien schwetzt ( ech hun den interview na emma net um netz fonnt), wei z.B. Ofdreiwung (der conceptioun vun Liewen, Bewosstsin an communauté morale no..), oda suizid an euthanasie. Et ass natirlesch net onbedengt verwaerflësch strack Auto fueren ze verbidden, de groussen Ennerscheed an desem Fall ass dat een eng aner Persoun ewei sech a Gefor bréngt ouni dat dëst gefrot gouf.